Bei der Auktioun vum MusiCares Charity Relief goufen och nach Géigestänn vum Bono oder dem Ozzy Osbourne versteet.

D'Zil vun der MusiCares Charity Relief Auktioun, war et Suen ze sammelen, déi dann u Museker, oder aner Collaborateure aus der Museks-Zeen ginn. Dofir hunn dann e puer vun deene Museker, déi sech finanziell elo net esou grouss Suerge maache mussen hiren Deel dozou bäigedroen.

Den Ozzy Osbourne hat zum Beispill ee komplett Outfit gespent, mat sengem berümten "Oliver Peoples" Brëll, dat en och effektiv bei engem Optrëtt unhat. De Bono vu U2 hat d'Lyrics vum Lidd "Love Is Bigger than Anything in its Way" ënnerschriwwen a fir d'Auktioun bereet gestallt.

Ma dem Harry Styles seng kiischterout Gibson Memphis ES 335 Gittar huet fir eng anstänneg Zomme de Besëtzer gewiesselt. Ganzer 28'125 US DOllar, war d'Gittar engem op der Auktioun wäert. Eigentlech huet d'Gittar "nëmmen" ee Wäert vun 3'000 Dollar, an huet méi wéi dat 9-fach vu sengem Wäert abruecht. Den Harry hat et sech awer och net huele gelooss, fir d'Gittar mat engem klenge Message ze verschéineren. Nieft engem klengen Häerz steet elo "Treat people with kindness Harry Styles".