Den Track heescht "OK Not to Be OK" an ass um internationalen Dag vun der Suizid-Präventioun eraus komm.

Et ass eng Kollaboratioun, op déi d'Fans vun deenen zwee Museker effektiv scho méi laang gewaart hunn. An de Marshmallo an d'Demi hunn och scho méi laang un hirer Single geschafft, wéi ee villäicht denke géif. Scho virun engem Joer nämlech, hunn d'Demi an de Marshmallo sech eng éischte Kéier dowéinst zesumme gesat.

D'Demi selwer sot an engem Interview mat "Apple Music", dass et hoffe géing, dass d'Leit duerch dës Single Hoffnung kréien. Am Lidd geet et nämlech drëms, dass een heiansdo net méi de Sënn gesäit iwwerhaapt do ze sinn. Oder een sech enorm down spiert. Ma genee an esou Momenter, wier et da wichteg entweder sech selwer drun ze erënneren, oder eng Persoun am Ëmfeld ze hunn déi engem einfach seet: et geet der net gutt, mee dat ass och emol okay!

D'Lidd ass dann och net zoufällegerweis den 11. September erauskomm.  Dësen Dag steet nämlech am Zeeche vun der Suizid-Präventioun. Dofir gouf d'Lidd och fir d'Asbl "Hope For The Day" opgeholl. Eng Initiativ déi de President vun der Asbl och immens frou mécht. Et wier nämlech wichteg, dass grad esou Persoune wéi de Marshmallo an d'Demi den Tabu ronderëm dëst Thema briechen.