Virun e puer Méint huet d'Sängerin matgedeelt, dass se sech vun hirem Mann scheede léisst.

An engem Ausschnëtt vu sengem Interview vun NBC Sunday TODAY . An dem Extrait verréit d'Kelly, dass säin neien Album dee perséinlechste gi wäert, deen et bis elo erausbruecht huet.

Wéi d'"American Idol" Gewënnerin weider gezielt huet, wäert een um Album all Emotioun héieren déi een am Laf vun enger Bezéiung duerchlieft. Dat hätt awer och schonn zu komesche Situatioune gefouert. Esou géife seng Kanner och mëttlerweil d'Lidder matsangen, well et se dacks am Auto lauschtert. An et wier einfach komesch déi eege Kanner iwwert seng Bezéiung sangen ze héieren.

Mee keng Angscht seng zwee Kanner wëssen net, dass et do ëm d'Relatioun tëscht hiren Eltere geet. Vue, dass béid 4 a 6 Joer al sinn. Et hätt dem Kelly awer immens gutt gedoen seng Trennung duerch Musek ze verschaffen. Et wier e bësse wéi eng Therapie gewiescht. D'Kelly Clarkson war 7 Joer laang mat sengem Mann dem Brandon Blackstock bestued.