D'Sängerin huet gemengt, dass et aarmséileg wier iwwerhaapt esou Biller ze verdeelen.

Am Viséier vun dëse News sinn d'Demi Lovato selwer, d'Selena Gomez an dem Demi säi Verloobten de Max Ehrich. Et geet ëm Biller, déi schonn e puermol opgedaucht sinn. A verschiddenen Tweets oder och Ausschnëtter aus Artikelen, liest een do ëmmer nees Aussoe vum Max Ehrich. An do ass de Verloobte vum Demi Lovato wuel éischter ee Fan vum Selena Gomez. Eppes wat de Fans vum Demi immens mëssfällt, well si dowéinst der Meenung sinn, den Ehrich kéint et net eescht menge mat "hirem" Demi.

Dobäi muss ee soen, dass verschidden Tweets méi wéi 10 Joer al sinn, an déi aner goufen anscheinend gefotoshopped. Eppes wat dem Demi do besonnesch sauer opstéisst, ass d'Aart a Weis an de Grond firwat déi Screenshots do ëmmer nees gedeelt ginn. Et geet nämlech och drëms fir iergend eng Rivalitéit tëscht dem Demi an dem Selena opliewen ze loossen. Eng Zäit laang sinn déi zwou Sängerinnen net esou gutt laanschtenee komm, mee och dat ass scho längst kale Kaffi.

D'Demi huet gemengt, et wier lamentabel esou eng Story ze pushen, déi fir schlecht Blutt tëscht deenen zwou Frae suerge kéint. Donieft huet et d'Tabloids erausgefuerdert, dass se sech emol traue sollen eng Story erauszebréngen, wou d'Demi sech op d'Säit vum Breonna Taylor stellt a fuerdert, dass et an dëser Affär endlech Gerechtegkeet gëtt.