De Rapper huet op Instagram elo eng Lëscht gedeelt, mat senge warscheinlech neien Tracks.

Eigentlech ass et keng immens schéin oder spektakulär Foto déi de Lil Nas X op Instagram gedeelt hat. Ma et war awer genuch fir seng Fans ze begeeschteren. Op der Foto ass een einfacht Blat fotograféiert. An dorop sti lauter Nimm. Wéi zum Beispill och "Call Me By Your Name". Esou een Track hat de Country-Rapper schonn am Juli geteased. Aner potentiell Lidder droen den Titel "Titanic" "One of Me" oder "Don't Want It". Um Blat stoungen zwar nach aner Nimm fir Lidder drop, mee déi hat de Lil Nas X ganz gekonnt einfach emol onkenntlech gemaach.

Et kann een also mat engem Album rechnen. Schonn am Juli sot de Lil Nas X, dass säin Album bal prett wier an en och am Gaange wier un engem Mixtape ze schaffen.