An engem Interview huet d'Miley elo e bësse méi verrode wien alles op senger neier Plack dobäi ass.

Bei sengem Interview mam neiséilänneschen "The Edge" Radio huet d'Miley e puer Detailer zu sengem neien Album ginn. Eng éischt wichteg Saach awer: wéini déi nei Plack dobaussen ass wollt d'Miley net verroden. Et huet awer gemengt, et wier een Album deen een op engem Festival lauschtere muss. Wann dat bedeit, dass den Album eréischt eraus kënnt wa Live-Optrëtter nees erlaabt sinn, wäerte sech dem Miley seng Fans wuel nach eng Zäitche gedëllege mussen.

E bësse méi oppe war d'Miley awer wann et ëm d'Gäscht op sengem Album geet. Deemno wieren op engem Lidd direkt zwee grouss Kënschtler dobäi. An zwar d'Dua Lipa zesumme mam Billy Idol. Eng nawell exzeptionell Kombi, bei der ee villäicht mengt dass d'Miley e bëssen de Geck mécht. Mee effektiv sollen déi zwee dach ënnerschiddlech Kënschtler sech mam Miley fir ee Lidd zesumme gedoen hunn.

Donieft gouf och nach iwwert seng Single "High" geschwat, déi d'Miley zesumme mam Mark Ronson produzéiert huet.

Wéi d'Miley sot hat et deen Dag zwou Optiounen: entweder de Ronson uruffen oder eng aner Persoun. Domat mengt et warscheinlech säin Ex-Mann, de Liam Hemsworth. Ausserdeem war dat grad déi Zäit, an der d'Miley ugefaangen huet een niichtert Liewen ze liewen. Amplaz also "High" ze ginn, huet et doriwwer am Lidd geschriwwen a gesongen.