Dat huet d'Sängerin elo via Social Media matgedeelt.

Et huet een halleft Joer méi laang gedauert wéi eigentlech geplangt. Ma dëse Freiden ass et endlech esou wäit: d'Alicia Keys bréngt säin neien Album eraus.

Déi eng oder aner Single huet d'Alicia schonn erausbruecht. An do kristalliséiert sech een Thema ganz besonnesch eraus: d'Alldagshelden. Déi déi all Dag op en neits do sinn, an hir Aarbecht maachen, ouni ee grousse Merci ze kréien. Mee ouni déi eis Societéit net géif funktionéieren. Ee gutt Beispill dofir ass d'Single "Underdog". Mat dëser Thematik beweist d'R&B Sängerin nees säi Gefill fir eis Societéit, a wéi realistesch d'Alicia eigentlech seng Ëmwelt kuckt. Eppes wat een net ëmmer gewinnt ass vun de Staren.

An och vill Roserei. Eng Emotioun, déi d'Alicia bis elo ganz sielen an dem Mooss esou gespuert huet, wéi d'Sängerin selwer seet. Den Album heescht ganz einfach "ALICIA" an ass dee 7. Studio-Longplayer vun der amerikanescher Sängerin.