D'Sängerin mécht senge Fans d'Zong laang, dat mat Ausschnëtter a villäicht Lyrics vun neie Songs.

Säi leschten Album "Thank U, Next" ass scho gutt annerhalleft Joer al. D'Fans vum Ariana Grande sinn also absolut bereet endlech nees een neie Longplayer vun der Sängerin an den Oueren ze hunn. An dat schéngt d'Sängerin och ze wëssen.

Op Twitter schéngt d'Ariana eemol eng Songtext-Zeil aus engem neie Lidd gedeelt ze hunn.

An d'Sängerin huet och e puer Stonne méi spéit op Instagram nogeluecht. Do huet d'Ariana ee klengen Ausschnëtt aus engem Lidd gewisen. An d'Fans freeë sech schonn immens. Een huet zum Beispill kommentéiert "Ech hunn dat ee Moment op Repeat lafe gelooss a meng Séil huet mäi Kierper verlooss."

View this post on Instagram

brb

A post shared by Ariana Grande (@arianagrande) on