En neien Album, Tour oder eng nei Single? Kee weess wat de Museker vir huet.

De däitsche Museker Carlo Waibel, besser bekannt ënnert sengem Kënschtlernumm CRO, huet ugekënnegt, dass en eppes Neies op de Marché bréngt. D'Fro ass hei just wat?

Op Instagram huet de Museker nämlech elo scho puer mol ganz komesch Undeitunge gemaach. De leschte Post vum Cro ass nämlech e Video an deem sech verschidde Planéiten ënnerhalen, Mars, Pluto, Saturn asw. Se stëppelen iwwert d'Äerd a soen se wär knaschteg, krank a géing sténken. De Museker huet ënnert de Video geschriwwen: Die Erde ist krank 18|09|20.

An de Kommentare mierkt een, dass d'Fans sech freeën, ouni ze wësse wat se wierklech erwaart.