De Frontmann vun de Foo-Fighters huet sech vun engem 10 järege Meedchen erausfuerdere gelooss.

De Frontmann vun de Foo Fighters an deemolegen Drummer vun Nirvana, liwwert sech e virtuellt Drum-Battle mat der 10 Jährerger Nandi Bushell. E jonkt Meedchen dat reegelméisseg Videoe bei YouTube eropgelueden huet, wéi et Battrie zu senge Liiblingssongs gespillt huet. An engem vu senge Videoen huet d’Nandi Bushell den Dave Grohl zu engem Drum-Off erausgefuerdert. Eng Erausfuerderung déi sech de Museker net entgoe gelooss huet.

Ma dat ass awer nach net alles. An der zweeter Ronn vum Battle huet de Foo Fighter Frontmann esouguer e Lidd fir d’Nandi geschriwwen an zesumme mat sengen Duechteren opgeholl. Elo ass et nees um Nandi dat ganzt ze coveren.

Eng Frëndschaft, déi et ouni déi sozial Medien net géing ginn.