D'Joer 2020 war jo elo net onbedéngt d'Joer vun de Festivaller. Ma 2021 gëtt dat hoffentlech anescht.

Pinkpop ass e Rock, Pop, Indie an Electronic Festival. An Holland zu Landgraaf, soll dëse vum 18.06.2021 bis den 20.06.2021 seng Dieren op hunn.

Ma de Lineup ass elo offiziell dobaussen. Als Top-Acts kann een hei Pearl Jam, Red Hot Chili Peppers an Twenty One Pilots zielen. Dat sinn awer wéi gesot nëmmen d’Top-Acts. Dobäi sinn nämlech ënnert aaneren nach, Ares, Danny Vera, Deftones, Elle Hollis, Frenna Deluxe, JC Stewart, Joost, Kensington, Nona, Ten Times A Million an The Kik.

1970 war den Debüt vum Festival a säit deem waren ënnert aanerem Arcade Fire, Bruce Springsteen, Coldplay, Foo-Fighters, Green Day, Guns N Roses an nach vill aanerer opgetrueden.