D'Mask ass Flicht. Eng Ausso déi de Museker absolut net kann ënnerschreiwen a sech dofir och net dorunner hält.

De Museker Noel Thomas David Gallagher, dee laang Haaptkomponist, Leadgitarrist an hannert sengem méi jonke Brudder Liam Gallagher och den zweete Sänger vun der Band Oasis war, huet sech ganz kloer géint d'Droe vun enger Mask ausgeschwat.

Hie gesäit et net an an der Ëffentlechkeet eng Mask mussen ze droen. Den Noel ass nämlech der Meenung, dass dat absolut näischt bréngt. Am ''Matt Morgan''- Podcast huet de Museker sech méi präzis dozou geäussert: Eng Verkeeferin sot mer ech misst eng Mask droen. Ma wat ass da wann ech dat net wëll? Ech decidéieren nach ëmmer selwer ob ech eng Mask undinn oder net. Wann ech mech infizéieren dann ass dat meng Saach.

D'Fro ass hei natierlech déi, ob de Museker iwwerhaapt dacks aus dem Haus geet? Aktuell schafft hien nämlech un engem neie Projet, deen e quasi dobannen hält.