Vill Museker si gläichzäiteg och nach Schauspiller. Ma de Lil Nas X ass neierdéngs och Kannerbuch-Auteur.

Bei de Grammy Awards 2020 huet de Rapper Lil Nas X mat fënnef Nominéierungen zu de Favoritte gehéiert, konnt awer nëmmen an der Kategorie ''Group Performance'' iwwerzeegen an dat natierlech zesumme mam Billy Ray Cyrus an dem Song ''Old Town Road''.

Ma de Lil Nas X mécht och elo nach ëmmer Musek, en huet sech just nach eng weider Aufgab opgedroen. De Museker ass nämlech elo och Auteur. En huet nämlech iwwer Twitter ugekënnegt, dass hien e Kannerbuch geschriwwen huet an, dass et dat bescht Kannerbuch vun allen Zäite wier. De 5. Januar 2021 soll dann ''C is for Country'' op de Marché kommen.

Detailer iwwert den Inhalt si bis ewell awer nach net bekannt. Et gëllt also ofzewaarden, well bis Januar ass et nach e bëssen a bis dohi komme villäicht nach e puer Leaks zum Virschäin.