Virun e puer Wochen wollt den Justin Bieber nach säin Twitter-Account läschen ma elo huet en ënnert anerem iwwert déi Plattform nei Musek ugekënnegt.

Den Justin Bieber gehéiert jo mëttlerweil zu der Elite aus der Museksbranche. Genau dowéinst gëtt, virun allem bei de Fans, ëmmer ganz gespaant op neit Material gewaart. Deem waarden huet de Bieber elo en Enn gesat. Op Instagram huet hien nämlech geschriwwen: Nei Ära, nei Single... Et geet lass.

De Song nennt sech ''Holy'' a kënnt muer um Freideg den 18. September op de Marché. Dofir huet sech den Justin e weidere genau esou grousse Museker an d'Boot geholl an zwar den Chance The Rapper.

Och am Video zum Song ass den Chance The Rapper ze gesinn an op Twitter huet de Bieber selwer och eng Foto vum Set gepost.

Säin aktuellen Album ''Changes'' hat de Museker iwweregens eréischt dëse Februar released.