Wéi et ausgesäit sinn d'Kannerbicher bei de Museker aktuell zimmlech ugesot.

E Museker deen niewebäi och Auteur ass gesäit een eigentlech relativ seelen. Bis virun e puer Deeg op jiddefalls. De Lil Nas X huet nämlech viru kuerzem ugekënnegt, dass hien e Kannerbuch géing releasen, ma elo zitt d'Lady Gaga no. Zesumme mat senger Mamm, Cynthia Germanotta e Kannerbuch geschriwwen.

Channel Kindness ass eng Usammlung vun 51 Geschichten iwwer Frëndlechkeet a jonke Mënschen op der ganzer Welt.

Am Gespréich mat ''People'' huet d'Musekerin matgedeelt, dass et a jonke Jore psychesch Problemer hat a seng Mamm d'Cynthia sech schlecht fillt, well se do net wierklech hëllefe konnt.

Fir dann elo jonke Leit Energie a Selbstvertrauen ze vermëttelen, huet d'Musekerin elo e Kannerbuch an de Startlächer. Detailer iwwert den Inhalt vum Buch sinn awer bis ewell nach net bekannt.