Géigestänn vu Staren déi versteet ginn, ginn ëmmer fir vill Sue fort. Esou och dem Biggie Smalls seng Kroun.

Et ass eng vun de Legenden aus der Amerikanescher HipHop Zeen an zwar den Notorious B.I.G, deen am Alter vu 24 Joer zu Los Angeles erschoss ginn ass. Bei sengem leschte Fotoshooting hat hien eng gëlle Kroun un, déi eigentlech just 6 Dollar kascht huet. Ma genau déi ass elo versteet ginn.

Ëm d'Stee huet sech d'Firma ''Sotheby Auctions'' gekëmmert. Se wier eng Feier vun der Geschicht a vum Kulturellen Afloss, deen HipHop vun de 1970er bis 1990er, op Konscht a Kultur hat.

Elo am September war d'Stee ganz am Kader vun der Hip-Hop-Kultur. Ronn 120 Géigestänn sinn do iwwert den Dësch gaangen, dorënner Boomboxen, Fotoe vum Snoop dog an déi legendär ënnerschriwwe Kroun vum Notorious B.I.G, déi hien 1997 op der Foto ''King Of New York'' un hat. Dat Schmockstéck, zesumme mat enger Kopie vun der Foto vum Biggie Smalls, huet ganzer 600'000 Dollar abruecht.

Elo kann ee sech natierlech froen, wat den neie Besëtzer mat enger Kroun mécht déi deemools fir 6 Dollar kaf ginn ass.