Endlech kënnen d'Fans sech op en neie Longplayer vum Museker freeën. Et ass mëttlerweil deen drëtten Album vum Sam.

De Samuel Frederick ''Sam'' Smith ass e brittesche Singer- Songwriter, deen 2016 en Oscar kritt huet fir den Titelsong Writing’s on the Wall aus dem James Bond Spectre.

Elo am Joer 2020 kënne mer eis awer op neit Material freeën. Op sengem Instagram huet de Sam nämlech elo ugekënnegt, dass hien den neien Album ''Love Goes'' eraus bréngt. Fir genau ze sinn ass de Release-Datum op den 30. Oktober gesat ginn.

View this post on Instagram

Love Goes. October 30th x

A post shared by Sam Smith (@samsmith) on

''I’m extremely happy and oberjoyed to announce my third album'', esou de Sam Smith um Instagram. De Longplayer ass an enger experimenteller Phas entstanen an der de Museker och probéiert huet sech selwer ze fannen, dat sech tëscht sengem 26. an 28. Liewensjoer ofgespillt huet.

View this post on Instagram

Love Goes. October 30th x

A post shared by Sam Smith (@samsmith) on

Den Album kann een elo scho virbestellen ënnert www.samsmithword.com .