Dat neit Geriichtsurteel an der Affär Breonna Taylor stéisst op vill Reaktioune bei de Staren.

Et geet weider am Fall Breonna Taylor. De Grand Jury vu Kentucky huet elo decidéiert, dass d’Polizisten, déi wéinst enger Schéisserei um Dout vum Taylor bedeelegt waren, sech net viru Geriicht veräntwerte mussen. Doropshinn hunn eng Partie Museker wéi d’Cardi B, Kehlani an de Rapper Common reagéiert.
Esou schwätzt zum Beispill d’Cardi B op Twitter vun enger ''traureger'' an ''découragéierender'' Decisioun. D’Sängerin hat scho virun dem Geriichtsurteel en Opruff u männlech Rapper gemaach, sech fir d’Taylor staark ze maachen.

An och d'Alicia Keys weist sech veriergert iwwer d'Entscheedung vum Grand Jury.

Op Twitter hunn dann nach weider Artisten op d’Entscheedung reagéiert a fuerdere Gerechtegkeet fir d’Breonna Tayloer.

Zanter dass déi 26 Joer al Fra am Mäerz an enger Schéisserei an hirer Privatwunneng ëm d‘Liewe komm ass, ruffe verschidde Staren am Kader vun der Black Lives Matter Beweegung ëmmer erëm zu Gerechtegkeet op. Dëst och, well d'Breonna am Kader vun engem sougenannte "Raid Manöver" erschoss gouf. D'Breonna Taylor war Infirmière an hat keng kriminell Vergaangenheet.