Och wann de Museker dacks kritiséiert gëtt, huet en elo eppes gemaach wat grousse Respekt verdéngt huet.

Et héiert een ëmmer nees Neies aus der Musekswelt dat een a Staune versetzt. Sief dat op eng positiv Aart a Weis oder eng negativ. Ma de Kanye West, dee jo dacks fir Opreegung suergt an dat net onbedéngt am gudden, huet elo awer eppes gemaach wat definitiv eng wonnerbar Aktioun ass.

Am Musekbusiness ass et jo esou, dass wann ee bei engem Musek-Label ënnerschreift, deemno och Rechter vu sengen zukünftege Produite verkeeft. Alles wat an Zukunft eraus kënnt, gehéiert zu engem Deel dem Label, deen iwwregens och wichteg Decisioune kann treffen Punkto Lidder oder Remixen déi mat engem bestoende Song solle gemaach ginn.

De Kanye West huet elo ugekënnegt, dass hien alleguer deene Museker déi bei sengem Label G.O.O.D ënnert Vertrag stinn, 50% vu sengen Undeeler un d'Kënschtler zeréck gëtt. Op Twitter schreift de Museker ''I’m giving all Good music artist back the 50% share I have of their masters''.

Domat hätten d'Kënschtler all d'Rechter op hir Produktiounen zeréck. Alles wat an Zukunft mat engem vun hire Songs geschitt, déi ënnert G.O.O.D entstane sinn, decidéieren d'Museker selwer an all Cent deen do nach era kënnt geet un d'Sänger an net méi un de Label