Nieft dem Louis Tomlinson an dem Liam Payne ass den Zayn Malik elo deen drëtte fréiere Member vun One Direction, deen Nowuess kritt huet.

Dee fréiere Sänger vu "One Direction" a seng Frëndin Gigi Hadid sinn Eltere vun enger Duechter ginn. Mat enger schwaarz-wäiss Foto vun der Hand vun hirem Meedchen hu si d’Gebuert op Twitter bekannt ginn. De Kënschtler schreift dann och, dass hien déi Léift zu senger Duechter net a Wierder faasse kann. Hie beschreift sech als dankbar fir dat Liewen, dat si elo zesumme verbrénge kënnen.

Dat US-amerikanescht Model Gigi Hadid hat d’Schwangerschaft am Abrëll bei engem Optrëtt an der "Tonight" Show mam Jimmy Fallon bekannt ginn. Zanter 2015 waren den Zayn an d’Gigi an enger On- Off-Relatioun.

Gëschter huet de Kënschtler dann och e klengen Ausschnëtt aus sengem leschte Stéck "Better" op Social Media geteased, déi e Freide wäert nei erauskommen. De Clip deit dorop hin, dass seng zukünfteg Musek da méi an d’Richtung vum R&B goe wäert.