Den Action-Star huet fir dëst Lidd zesumme mam norwegeschen DJ Kygo geschafft.

Jo der hutt richteg gelies! Et geet hei ëm dee Vin Diesel, deen een eigentlech méi aus Filmer kennt, dorënner besonnesch d'Fast and the Furious Franchise.

Ma, dass de Schauspiller och gäre séngt huet e scho puermol bewisen. Dat och eemol 2015 bei den MTV Movie Awards. Do hat de Vin d'Single "See You Again" gesongen. Dat wéinst dem Dout vum Paul Walker, deen net nëmme säi Co-Schauspiller. Wéi de Schauspiller selwer sot, wier en immens frou, dass d'Musek och elo nees ee kreatiivt Ventil gewiescht wier. Duerch d'Pandemie konnt de Vin Diesel nämlech net um Set vu sengem neie Film sinn, mee huet awer seng Kreativitéit konnten ausliewen.

D'Resultat dovun ass dann d'Single "Feel Like I Do", déi den 53 Joer ale Schauspiller zesumme mam norwegesche DJ Kygo opgeholl a produzéiert huet. Den Track ass am Kygo sengem gewinnten Tropical House Stil, ergänzt duerch dem Vin seng markant däischter Stëmm.

Lauschtert déi ganz Single hei: