E gehéiert zu deenen erfollegräichsten däitsche Rapper. Ma elo ass ee ganz neien Album vum Kontra K dobaussen.

Zanter 2015 landen dem Berliner Rapper Kontra K seng Alben ëmmer nees direkt op Nummer 1. Elo ass da säi ganz neien Longplayer dobaussen. Dësen heescht "Vollmond". Dëst ass een Duebel-Album mat enger ganzer Rei u Features, mat anere groussen däitsche Kënschtler.

An engem Interview mat vip.de huet de Maximilian Diehn iwwert d'Bedeitung vu verschiddenen Titel vu sengem neien Album geschwat. An och iwwert d'Zäit op der Bün. Dem Rapper feelt nämlech déi Zäit on Tour. Dat och virun allem, well en do seng Fans begéine kann, a mat hinnen zesummen d'Musek feiere kann. Dofir wier en och immens frou 2021 nees ze touren. De 4. Dezember 2021 hëlt de Kontra K dann och säi Concert hei zu Lëtzebuerg. Dem däitsche Rapper säi Concert war ee vun deenen éischten Optrëtter deen duerch d'Corona-Kris misst ofgesot ginn.