Deen neien Album vun der südkoreanescher Band war zwar scho méi laang ugekënnegt, ma ee geneeën Datum gouf et awer laang net.

Deen neien Album vun der südkoreanescher K-Pop Band BTS huet elo ee Release-Datum an och een Numm. Den Album soll "BE" heeschen an ass ab dem 20. November 2020 dobaussen.

D'Neiegkeeten zum Album huet de Label "Big Hit Entertainment" vun der Band selwer via Mail un all d'Fans vu BTS weiderginn. Wéi et an der Mail heescht wier um BE (Deluxe Edition) Album déi "BTS-este Musek" déi d'Band bis elo eraus ginn hätt. Ausserdeem schreift de Label: "Déi neiste Geschicht vu BTS fänkt mam Statement un, dass souguer elo mat dëser neier Normalitéit eist Liewe weidergeet, a gëtt ee Message vum Heelen eraus un d'Fans an déi ganz Welt."

Wéi vill oder wat fir Lidder genee um neien Album sinn gouf awer net matgedeelt. Et dierft een awer staark domat rechnen, dass hir leschten Hit-Single "Dynamite" wäert drop ze fanne sinn.

Vum Méinden 28. September un kann een den Album och virbestellen.