A senge Memoiren zielt d'Mariah Carey ganz vill aus senger Kandheet a Jugend wéi och aus sengem Privatliewen als Popstar.

Eigentlech kennt ee vum Mariah Carey virun allem Storyen iwwert seng onméiglech Extrawurschten déi et sech ëmmer nees gefrot huet. Ma a senger Autobiografie "The Meaning Of Mariah Carey" huet d'Sängerin elo ganz ongefiltert iwwert säi Liewe geschriwwen.

Esou huet d'Mariah Carey mam Oprah Winfrey iwwert verschidden Zeenen aus dem Buch geschwat. An der Sendung"The Oprah Conversation" gouf och een Extrait aus dem Buch virgelies. Méi genee aus senger Kandheet a senger Relatioun mat senger Schwëster. Do zielt d'Mariah, dass hatt am Alter vun 12 Joer vun dëser mat Valium drogéiert gouf an och Kokain ugebuede krut. Ausserdeem hätt seng Schwëster him Verbrennungen vum 3. Grad zougefüügt. Domat awer net genuch, et wier och probéiert ginn dat jonkt Meedchen un een Zuhälter ze verkafen.

Wéi d'Mariah selwer seet, hätt et och kee Kontakt méi mat senge Gesëschter. Souwuel seng Schwester Allison wéi och säi Brudder Morgan bezeechent hatt selwer als "Ex-Schwester" an "Ex-Brudder". Säi Brudder wier immens gewalttäteg, a seng Schwëster virun allem selwer traumatiséiert.

A sengem Buch soll d'Sängerin awer och iwwer fréier Bezéiungen geschriwwen hunn an och iwwert d'Relatioun zu sengen zwee Kanner ginn hunn.