Hu se sech nees zesumme gedoen oder net? Déi Fro stelle sech grad vill Fans vum "Sexy Back" Sänger an dem Mega-Produzent.

No Justified an FutureSex/LoveSounds kéint et elo nees endlech esou wäit sinn: nei Musek vum Justin Timberlake déi mat kengem aneren wéi dem Timbaland produzéiert gëtt! Dat huelen elo op mannst ganz vill Fans un. De Grond dofir ass ee Video deen den JT elo op Instagram gedeelt huet. Um Video gesäit een déi zwee an engem Studio setzen, an zu engem Beat mat ofgoen. Dat Ganzt dréit dann d'Caption "Back together again".

View this post on Instagram

Back together again 🙏🏼

A post shared by Justin Timberlake (@justintimberlake) on

Dee leschten Album vum Justin Timberlake war seng Plack "Man of the Woods" aus dem Joer 2018. Dëse Post ass och déi éischte Kéier, dass den JT nei Musek a villäicht souguer een neien Album teased. Ma d'Kombinatioun mam Timbaland géif ganz vill Fans besonnesch freeën. Ee Fan huet esou drënner kommentéiert "The Dream Team. My favorite Artist producer team of ALL TIME".