Et ass dat véiert Joer hannerteneen, dass d'Band eng finanziell Hëllef gëtt.

All Joer brennt et op der US-amerikanescher Westküst. Dëst Joer sinn d'Bëschbränn awer besonnesch schlëmm an hu sech effektiv iwwert déi komplett Westküst ausgebreet.

D'Metal-Band Metallica wëll een Deel dozou bäidroen, fir de Pompjeeën a Betraffenen ënnert d'Äerm ze gräifen. Mat hirer "All Within My Hands Foundation" hunn d'Rocker also insgesamt eng Zomm vun 250'000 Dollar u 5 verschidde Fonge weiderginn, déi un de Fronte vun dëser Kris géint d'Flame kämpfe mussen.

Donieft huet d'Band och den Opruff gemaach, dass jiddereen, deen iergendwéi hëllefe kann, säi klengen Deel bäidroe soll. Sief dat a Form vu Suen, Kleeder, Iessen oder andeems ee Leit bei sech ophëlt, déi selwer alles verluer hunn.

Zanter der Grënnung vun hirer Stëftung am Joer 2017, huet d'Band all Joer Sue gespent wéinst de Bränn op der Westküst. Ma am Januar haten se och schonn 750'000 US-Dollar als Ënnerstëtzung no de risege Feier an Australien gespent.