De 25. September ass dem US-Museker säin neien Album "Tickets To My Downfall" erauskomm.

De Machine Gun Kelly ass ee Museker dee schwéier an ee Genre ze stiechen ass. Ma awer gëtt et ëmmer nees probéiert. Säi leschten Album "Hotel Diablo" war nach zimmlech Hip-Hop orientéiert, an huet gewisen, dass haarde Rock och bei Rap passt.

Säin neien Album, "Tickets To My Downfall" huet do awer eng aner Richtung ageschloen. Dësen ass nach méi rockeg, a geet och ganz kloer vill méi an d'Richtung vum Pop-Punk. Eng Stilrichtung déi eigentlech net méi esou aktuell ass. Ma bei enger Table Ronde zum Netflix Film "Project Power" bei dem de Machine Gun Kelly matspillt, ass de Sänger gefrot ginn ob en dann elo fäerdeg wier mat Hip Hop.

Ma dorop hat den 30 Joer ale Museker eng kloer Äntwert. Sou laang hien nach jonk wier a Saachen ze zielen hätt, géif hien och weider am Hip-Hop Genre aktiv sinn.