Dat wéinst net bezuelte Kommissiounen an Héicht vun 1.4 Milliounen US-Dollar.

Et kéint ee soen, dass 2020 net onbedéngt dat Bescht Joer war beim Kelly Clarkson. An dat emol net eleng wéinst der Corona-Pandemie, déi weltwäit déi ganz Event-Zeen an de Museksecteur getraff hunn. Eemol koum d'Nouvelle, dass d'Sängerin vun hirem Mann, dem Brandon Blackstock gescheed gëtt.

Ma elo huet d'Kelly dann och nach eng Klo vu sengem Management dobäi kritt. Deemno hätt déi fréier Sängerin sengem Management nach net d'Parten ausbezuelt, dat dësem zou steet no hirer Participatioun bei "The Voice" an senger eegener Sendung, der "The Kelly Clarkson Show".

Deemno huet d'Kelly zwar schonn dëst Joer 1,9 Milliounen US-Dollar iwwerwisen, ma steet awer elo nees fir 1,4 Milliounen Dollar an der Kräid. Weider heescht et an der Klo, dass d'Kelly bis zum Schluss vum Joer nach weider minimum 5,4 Milliounen US Dollar un "Starstruck Management Group" weider ginn. Interessant: de Chef vun dësem Management Grupp ass den Narvel Blackstock, a Papp vum Kelly sengem geschwënn Ex-Mann Brandon Blackstock.