E Mëttwoch den Owend - déi beschte Live-Musek um Hitradio zu Lëtzebuerg! Dës Kéier: Tom Gregory

Den Tom Gregory gehéiert aktuell ouni Zweifel zu deenen ugesotsten Newcomer aus der Zeen. Den 18. September huet hien dann och säi laang-erwaarten Debut-Album "Heaven In A World So Cold" erausbruecht. Mat drop sinn ënnert anerem seng bekannten Tracks "Run To You" a "Small Steps", seng aktuell Hits "Rather Be You" an "Never Let Me Down" an och "Fingertips" - en Nummer-1-Hit aus eisem Eldoradio Chartbreaker.

An eisem Eldo Live vun dëser Woch hu mir e ganz aktuelle Concert vum gebiertege Blackpooler. Een Dag nom Release vu senger éischter LP huet den Tom Gregory seng nei Musek nämlech um Reeperbahn Festival zu Hamburg presentéiert.

Och wann aus bekannte Grënn net esouvill Fans do waren ewéi gewinnt, war d'Stëmmung trotzdeem richteg gutt. Den Tom Gregory huet duerch seng Energie an d'Power a senger Stëmm iwwerzeegt, gläichzäiteg awer och méi roueg an intim Momenter gebueden.

Erlieft den Tom Gregory live vum Reeperbahn Festival zu Hamburg - e Mëttwoch den Owend vun 21h00 un um Eldo a via Livestream op eldo.lu an an der App!