D'Sängerin ass doranner a Schwaarz-Wäiss-Optik virun engem Mikro ze gesinn - am Wiessel mat Filmzeenen aus dem neie Bond-Film.

De Popstar Billie Eilish huet 6 Woche virum Kinostart vum neien James-Bond-Film "No time to die" de Musekvideo zum Titelsong presentéiert.

De Clip, deen d'US-Sängerin en Donneschdeg op Youtube eropgelueden huet, hat no kuerzer Zäit honnertdausenden Opriff.

Déi 18-järeg Sängerin ass doranner a Schwaarz-Wäiss-Optik virun engem Mikro ze gesinn - am Wiessel mat Filmzeenen aus dem neie Bond-Film.

De Song, eng liicht düster Ballade mat dramatescher Finale am klasseschen 007-Sound, hat déi 5-fach Grammy-Gewënnerin zesumme mat hirem Brudder geschriwwen.

Den Titelsong fir de 25. James-Bond-Film war well am Februar verëffentlecht ginn. Eigentlech hätt de Film den 2. Abrëll missen an de Kino kommen. Wéinst der Coronakris gouf den Datum awer op den 12. November verréckelt.

Kuckt hei de Video: