Fir d'Fans vum fréiere One Direction-Sänger heescht et awer wuel nach e bësse Gedold beweisen.

Nei Musek ass eng vun deene wéinege Saachen, op déi mer eis nach am Joer 2020 freeë kënnen. Esou fillt et sech op mannst heiansdo un. Vill Museker hunn elo vun der viller Zäit doheem profitéiert an nei Musek geschriwwen oder och produzéiert. An de Louis Tomlinson hat och anscheinend seng kreativ Oder gespuert. Dat huet den 28 Joer ale Sänger emol senge Fans op Twitter gezielt. Ee User hat nämlech gefrot, ob een deemnächst mat neier Musek vun him rechnen dierft. De Louis huet doropshi geäntwert, dass en an Zäit vu 4 Deeg, direkt 4 nei Songs geschriwwen hätt. An, dass et "kache" géing.

Ma d'Fans wollten do natierlech och wëssen, ob et déi nei Musek och eemol ze lauschtere gëtt. Do huet de fréiere Member vu "One Direction" awer keng kloer Äntwert ginn. "Wie weess" huet hien einfach just geäntwert. Eng éischter enttäuschend Äntwert fir d'Fans. Mee heiansdo kann et jo awer séier goen mat neier Musek. Et gëllt also weider ze hoffen.