Et dierf ee staark dovun ausgoen, dass et nach nei Musek vum Rapper gëtt, ier d'Joer 2020 eriwwer ass.

Den däitsch-amerikanesche Rapper J. Cole wäert wuel nach virum Schluss vun dësem Joer nei Musek liwweren. Dat huet de Rapper elo iwwer Instagram ze verstoe ginn. Dat awer net iwwert säi perséinlechen Account, mee iwwert dee vun sengem Alter Ego "kILL edward".

Esou huet et am kILL edward senger Instagram Story geheescht:

"Ech war fort fir eng Zäit, mee ech wäert sécher stellen, dass mer 2020 mat eppes ganz speziellen ophalen! Stay tuned, ech hoffen dir sidd all prett!"

Op et elo just eenzel Singles ginn bis zum Schluss vum Joer, ob et awer en Album ass, wéi dësen heescht oder wéini mer domat rechne kënnen ass awer nach net gewosst. D'Fans vum Rapper mengen awer, dass den neie Longplayer wäert "The Fall Off" heeschen. Dëst well den J.Cole dat anscheinend vum leschte Lidd vu sengem Album KOD ugedeit hätt, deen 2018 eraus komm ass.