Nodeems hire Concert am Juni vun dësem Joer aus bekannte Grënn huet missen ofgesot ginn, gouf elo en neien Datum fonnt!

Punk lieft! No hirer éischter Show hei zu Lëtzebuerg am Joer 2018, kënnt déi kalifornesch Band "The Offspring" elo den 9. Juni 2021 zeréck an d'Rockhal - genee 1 Joer no deem eigentleche Concerts-Datum. D'Band wäert d'nächst Joer da warscheinlech och hiren neien Album presentéieren, e geneeë Release-Datum ass aktuell awer nach net bekannt.

Wien also mat Rocken a Feiere wëll kann sech vun elo un Tickete besuergen. Dës fannt der hei!