Dat an der nämmlechter Woch an der säin neien Album eraus kënnt.

Via Instagram huet den 35 Joer ale Rapper senge Fans matgedeelt, dass bei him den Test op Coronavirus positiv ausgefall ass. Iwwert déi lescht Méint huet de Museker sech ëmmer nees teste gelooss. Dat och well en zum Beispill u Protester vu BLM an Juneteenth dobäi war, an och ee klengt Kand doheem huet, an dëse sou gutt et geet schütze well.

A sengem Video huet den Trey Songz matgedeelt, dass hie sech eleng an eng Quarantän sëtzt, bis d'Test-Resultat negativ ass. Donieft huet en och seng Fans gebieden d'Situatioun eescht ze huelen an hir Masken unzedoen, wéi och déi aner Hygiène-Mesuren z'applizéieren.

Een éischter onglécklechen Zäitpunkt fir krank ze ginn fir den US-Rapper. E Freideg kënnt dem Trey säin neien Album " Back Home" eraus. Et ass deen 8. Studioalbum, säi lescht Wierk "Tremaine -The Album" läit schonn iwwer 3 Joer zeréck.