De legendäre Museker ass u Kriibs gestuerwen, dat huet säi Jong op Twitter matgedeelt.

De Rock-Star Eddie Van Halen ass dout. Hien ass am Alter vu 65 Joer u Kriibs gestuerwen. Den Eddie Van Halen huet zu der Band Van Halen geheiert, déi ënner anerem duerch de Song „Jump“ bekannt ginn ass.