De Museker hat ze vill vu sech präis ginn esou, dass Krimineller op de Kënschtler opmierksam gi sinn.

Den US-Rapper Dababy, dee mer och duerch déi aktuell Single ''Rockstar'' kennen, war an enger Schéisserei wärend dem Video-Dréi vun engem vu senge Songs verwéckelt. Esou d'Insta-Säit ''The Shade Room''.

Um Set vum Museker, deen aktuell am Eldo Chartbreaker op de Plaz 11 ass, si Samschdeg den 3. Oktober anscheinend Schëss gefall.

De Rapper huet de ganze Weekend iwwer Videoe vu sech um Instagram gepost, op deenen hie mat engem Stapel vun 100 Dollar Schäiner ze gesi war. Dommerweis huet de Kënschtler säi Standuert dobäi geleaked.

Spéider sinn op Videoe vun anere Leit a genau deem nämmlechte Grupp vu Mënsche Schëss gefall a matzen dran de Rapper Dababy. Eng Fra ass dobäi schwéier blesséiert ginn. Dem Museker ass allerdéngs näischt passéiert.