D'Zäit vum Corona ass och fir d'Museker nach ëmmer net eriwwer. De Museker setzt sech fir Concertshalen a Groussbritannien an.

Concerten esou wéi mer se kennen, ginn et der dëst Joer wuel net méi. Wat verschidde Museker net dovunner ofhält trotzdeem an iergendenger Form opzetrieden. Esou zum Beispill de Lewis Capaldi.

Dëse Freiden, den 09.10.2020 trëtt de Museker nämlech am Kader vun de ''Prime Days'' bei Amazon op, dat alles natierlech a Form vun engem Virtuelle Live-Optrëtt. De Lewis mécht dat fir op d'Nout vu Kulturelle Veranstaltunge wärend der Coronakris opmierksam ze maachen.

Wéi ''contactmusic.com'' bericht, geet de ganzen Erléiss u verschidde Concertshalen a Groussbritannien.

Et ass allerdéngs net just hien deen do optrëtt, mee och nach d'Celeste an d'Cate Le Bon.