Et ass offiziell. Nei Musek steet an de Startlächer. 2 ganz grouss Kënschtlerinnen hu sech dofir zesumme gedoen.

D'Bebe Rexha huet nees geliwwert. Nodeems d'Sängerin de Virwëtz bei senge Fans, duerch verschidden Aussoen ausgeléist huet, huet d'Musekerin elo och offiziell neit Material ugekënnegt.

Op Instagram huet d'Bebe elo ugekënnegt, dass eng nei Single an der Pipeline steet. ''Baby I'm Jealous'' kënnt dëse Freideg den 09.10.2020 op de Marché. Dat allerdéngs net ganz eleng. Déi 31 Joer jonk Sängerin huet sech dofir Doja Cat mat an d'Boot geholl.

View this post on Instagram

#BabyImJealous in 3 days!!!!! @dojacat

A post shared by Bebe Rexha (@beberexha) on