1973 ass d'Band vun de Bridder Angus a Malcolm Young a Schottland gegrënnt ginn. Elo 2020 huet d'Band en neien Album released a wëllen nees op Tour.

AC/DC huet jo ugekënnegt, dass se en neien Album eraus bréngen. Elo ass dann och gewosst wéi dësen heescht, nämlech ''Power Up'' a soll den 13. November op de Marché kommen. D'Single ''Shot In The Dark'' ass mëttlerweil och scho released ginn.

Fir den neien Album awer zu eppes ganz speziellem ze maachen, huet den Angus Young onverëffentlecht Songiddie verschafft. Hien a säi Brudder de Malcolm Young ware fir d'schreiwe vun de Songs zoustänneg. Ma de Matgrënner Malcolm Young ass awer am Joer 2014 un Demenz erkrankt an am Joer 2017 gestuerwen. Esou huet den Angus elo decidéiert de Longplayer sengem verstuewene Brudder ze widmen. Genau esou wéi den Album ''Back in Black'' en Tribut un den éischte Verstuerwenen AC/DC Leadsänger Bon Scott war.

Eigentlech waren och eng Rei Concerte geplangt, déi duerch de Virus leider an d'Waasser gefall sinn. Ma d'Band huet awer ugekënnegt dat wëllen nozehuelen esoubal d'Pandemie op en Enn geet.

View this post on Instagram

12 TRACKS. NOVEMBER 13. Link in bio. #PWRUP

A post shared by AC/DC (@acdc) on