D'Band ronderëm den Till Lindemann ass nees am Studio a produzéiere fläisseg.

Duerch d'Pandemie hunn natierlech vill Museker missten hire Programm op Äis leeën. Esou war dat och de Fall bei Rammstein. Déi geplangten Europa- an Amerika-Tour ass deemno jo ausgefall esou, dass se genuch Zäit hate fir un neiem Material ze schaffen. Si hunn d'Zäit awer genotzt fir sech an de Studio ze setzen an nei Songs opzehuelen.

Op hirem Instagram hunn se nämlech gëschter nach eng Foto gepost an dobäi geschriwwen, dass se frou wieren nees am Studio ze sinn.

De leschten Album ass iwwregens 2019 eraus komm.