No laanger Zäit ouni d'Presenz vu senge Fans, huet d'Musekerin sech decidéiert e Concert ze annoncéieren.

Déi ganz Coronapandemie zitt sech mëttlerweil schonn eng gutt Zäit. Et ass also verständlech, dass vill Museker et vermëssen op enger Bün ze stoen an d'Leit ze ënnerhalen.

Genau esou geet et och dem Billi Eilish. Déi 19 Joer jonk Musekerin aus Los Angeles huet ugekënnegt d'Musek an d'Bün esou ze vermëssen, dass et elo e Concert organiséiert huet. Fir genau ze sinn ass dat natierlech keen normale Concert mee ee Virtuellen.

Alleguerten d'Fans vum Billie kënne sech also endlech nees op eng Live-Performance freeën. D'Kënschtlerin huet ugekënnegt, dass et de 24. Oktober e virtuellen Optrëtt geplangt huet. Dat ass allerdéngs net gratis. Tickete ginn et ënnert livestream.billieeilish.com.