Chrëschtdag kënnt lues a lues méi no an dofir huet de Museker en Event lancéiert.

De Paul Hartmut Würdig, dir kennt en éischt ënnert sengem Kënschtlernumm Sido, huet seng Chrëschttour wéinst der Pandemie missten op 2021 verleeën. Ma de Museker huet elo ugekënnegt, dass hien trotzdeem e Concert fir seng Fans an der Berliner Wuhlheide plangt. Et gesäit mol esou aus, wéi wann de Concert den 19. Dezember sollt sinn.

D'Iddi ass hei eng en Open-Air-Spezial-Chrëschtshow. De Sido fuerdert seng Fans op sech waarm unzedoen. Mat dobäi wieren nämlech Iwwerraschungsgäscht aus der Musek- an Entertainment-Branche. Dat alles natierlech ënnert den néidegen Hygiènesmesuren, fir déi och e speziellt Konzept ausgeschafft ginn ass.

Detailer ginn et allerdéngs bis elo nach keng. Mat Masken a genuch Ofstand wäert hei wuel de Minimum sinn.