E Song deen esouguer virum offizielle Release schonn zu engem Internet-Hit ginn ass.

''True Romance'' ass déi nei Single vun den Ärzte. Och wann de Song haut eréischt eraus komm ass, ass et mëttlerweil schonn en Internet-Hit. Wéi konnt dat passéieren? Ganz einfach! Si hu verschidde Kënschtler dozou kritt, iwwert den Hashtag ''singtrueromance'' hier nei Single ze performen.

Matgemaach hunn do ënnert anerem d'Band Kraftklub, d'Tagesschauspriecherin Linda Zervakis an de Rapper ''Alligatoah''.

Net ze vergiesse sinn hei ''Die Toten Hosen''. An engem Video séngt de Vom Ritchie de Song vun den Ärzte.

Wat zimmlech ongewéinlech ass, wann ee bedenkt, dass déi 2 Bands laang am Sträit waren. Deen huet sech allerdéngs geluecht an et ass an der Vergaangenheet esouguer schonn zu gemeinsamen Optrëtter.