Et gi Museker déi net just gutt an deem si wat se maachen, mee esouguer esou gutt sinn, dass se reegelméisseg aus der Mass eraus stiechen.

Den Travis Scott huet et nees gepackt e Rekord ze briechen. Am Abrëll hat de Museker e virtuelle Concert am Kader vum Videospill ''Fortnite'' ginn. Do huet hien am Spill seng Hits ''Goosebumps'' a ''Butterfly Effect'' performt. D'Event ass bannent 10 Minutte vun iwwer 12 Millioune Mënsche weltwäit gestreamed ginn.

Domat hat den 29 Joer jonke Museker de Rekord vun den Einschaltsquoten am Spill gebrach. Elo ass dem Kënschtler nees ee Coup gelongen. Wéi ''Billboard'' matdeelt, ass dem Travis säin neie Song ''Franchsie'' direkt op d'Plaz 1 vun de Charts geklommen. Domat ass et säin drëtte Song ënnerhalb engem Joer, deen direkt un d'Spëtzt geklommen ass.