Nodeem de Museker fir d'Wale vum US-Präsident kandidéiere wollt, huet hie misste seng Finanze presentéieren.

Persounen déi an den USA an en ëffentlecht Amt triede wëllen, musse géigeniwwer vun der Bundeswalkommissioun hier Finanze presentéieren. Esou och de Kanye West, deen am Juli seng Kandidatur fir d'Wal vum US-Präsident eragereescht huet. Aus den Donnéeën déi Museker huet misste virleeë geet erfir, dass de Kanye kee Milliardär ass, obwuel en dat ëmmer behaapt. Esou ''Daily Mail''. Fir genau ze si geet aus den Informatiounen ervir, dass de Kënschtler ''just'' e puer 100 Milliounen Dollar a sengem Besëtz huet.

Am Abrëll huet nämlech nach eng US-Zäitschrëft iwwert d'Finante vum Kanye West spekuléiert a si vun engem Verméige vun iwwer 1 Millard ausgaangen. Dorobshinn huet de Museker nach relativ genervt eng Noriicht un d'Zäitschrëft geschriwwen: ''Bei iech kann och keen zielen! Ech hunn 3,3 Milliarden Dollar''.