Net nëmme grouss Nimm ginn an d'Hall of Fame opgeholl mee och deen een oder anere grousse Kënschtler performt am Kader vun der ''Zeremonie''.

Och dëst Joer ginn et Rekrutte fir d'Rock'n'Roll Hall of Fame. Dozou zielen ënnert anerem Depeche Mode, d'Whitney Houston, Nine Inch Nails, the Notorious B.I.G an T.Rex.

Well awer op Grond vun der Pandemie keng Zeremonie kann ofgehale ginn, fënnt d'Iwwerdroung bei ''HBO'' an ''Hbo Max'' statt Dofir trieden de 7. November  de Bruce Springsteen, Ringo Starr, Miley Cyrus, Dave Grohl, P.Diddy, Jennifer Hudson an d'Alicia Keys op. Den Joel Peresma, Präsident vun der Rock'n'Roll Hall of Fame - Foundation seet, dass se sech geéiert ville mat esou geniale Gruppen a Museker zesummen ze komme fir de Rekruttejoergang 2020 ze feieren, esou contactmusic.com