Och wann d'Katy Perry am Joer 2001 nach net bekannt war, huet hat awer scho Musek gemaach...

D'Katy Perry ass spéitstens zanter dem Joer 2010 an Hits wéi California Girls oder Hot n' Cold e weltbekannte Popstar. Eréischt virun e puer Wochen huet d'Musekerin säin sechsten Album Smile op de Marché bruecht.

Mat I Kissed A Girl huet d'Katy Perry am Joer 2008 säi groussen Duerchbroch gefeiert. Ma viru senger bekannter Zäit huet hat scho Musek gemaach, deemols nach ënnert sengem richtege Numm Katy Hudson. Am Joer 2001 huet hat am Alter vu 16 Joer schonn en Debutalbum erausbruecht. De Label ënnert deem säi Longplayer erauskomm war, huet allerdéngs kuerz dono Faillite gemaach an den Album sollt sech just 200 Mol verkaafen. Elo huet d'Katy Perry den Album allerdéngs fir ze Streamen erausginn. En interessanten Throwback also fir seng Fans.

View this post on Instagram

Alexa, play “When We Were Young”

A post shared by KATY PERRY (@katyperry) on