D'Musekerin wëll nach dëst Joer neit Material op de Marché bréngen.

Virun zwou Woche huet d'Ava Max säin Debutalbum Heaven & Hell op de Marché bruecht.

D'Musekerin zielt jo zanter Méint zu de grousse Pop-Diven a bréngt all puer Wochen eng nei Hitsingle eraus. Trotzdeem sot eis Eldo Museksredaktioun, dass säin Debutalbum, deen iwwregens 10 Méint Verspéidung hat, iergendwéi ze glat an ze monoton wier.

D'Musekerin huet rezent an engem Interview bekannt gemaach, dass hat während dem Lockdown nach e puer nei Singlen produzéiert huet. Déi sollen elo op eng Deluxe-Versioun vum Album gepackt ginn. Dësen soll Enn dës Joers nach erauskommen. Weider Detailer ginn et awer nach keng.