Fans dierfen sech nach dëst Joer op Abléck aus dem Museker sengem Liewe freeën.

Den 23. November kënnt op Netflix eng Dokumentatioun iwwer de Shawn Mendes eraus. Se heescht Wonder an erzielt dem Museker säi Liewen an de leschte Joren. Behandelt ginn esouwuel privat, wéi och berufflech Themen. Vill Fans froen sech elo, ob een och Abléck an seng Bezéiung mam Camilla Cabello wäert kréien.

Den Documentaire heescht iwwregends genee wéi dem Shawn Mendes seng aktuell Single an wéi säin neien Album, dee kuerz nom Documentaire, den 4. Dezember soll op de Marché kommen.