Wéinst dem Cardi B zirkuléiert aktuell en Hashtag op Social Media, deen d'Bedreiwer vun de Plattformen net begeeschtert.

D'Cardi B huet trotz Corona leschte Sonnden säin 28. Gebuertsdag grouss gefeiert. Zu Gaascht waren nieft senger Famill a sengem Ex-Mann och vill Kolleegen.

No engem laangen Owend mat Frëndinnen a vill Alkohol huet d'Musekerin zum Schluss a sengem Zëmmer verschidde fräizügeg Fotoe vu sech gemaach. Warscheinlech ongewollt ass dunn eng Foto, ob där seng plakeg Brëscht ze gesi sinn, a senger Instagram-Story gelant. Och wann de Post kuerz dono nees geläscht ginn ass, hate vill User natierlech scho Screenshots gemaach, déi relativ séier um Internet zirkuléiert sinn.

Wärend vill Männer dem Cardi B säi Kierper diskutéiert an d'Musekerin esouguer kritiséiert hunn, weise vill Fraen op der Welt sech solidarescht. Ënnert dem Hashtag #BoobsOutForCardi poste vill Fraen also och hiren Decolleté op Instagram a Co. Eng Aktioun, déi de Social-Media-Déngscht aktuell awer probéiert ze ënnerbannen.